08.03.2014: FC Schalke 04 - TSG 1899 Hoffenheim

08.03.2014: FC Schalke 04 - TSG 1899 Hoffenheim

m Vorfeld der Begegnung FC Schalke 04 gegen die TSG 1899 Hoffenheim am vergangenen fand das traditionelle Veltis-Gewinnspiel statt. Diesmal traten die Fanclubs "Schalke-Frënn Norden Lëtzebuerg" und die Eifeler Kuhstallknappen an. Aus sportlicher Sicht ging der Sieg verdient an die "Eefler Keestaalknappen" aber wichtig ist die gute Stimmung unter den beiden Vereinen und die Tatsache, dass man auf dem heiligen Arena-Rasen spielen durfte. Beruhigend ist zudem zu sehen, dass auch ein Klaas-Jan Hunterlaar ähnlich wie die Schalke-Fans aus Luxemburg vom Elfmeterpunkt scheiterte. 77 Fotos befinden sich seit heute in der Fotogalerie, das neben dem Veltins-Gewinnspiel ebenfalls Spielszenen der Begegnung beinhaltet. Einen kleinen Bericht gibt es hier auf mywort.lu oder ebenfalls hier anschliessend in luxemburgischer Sprache:
 

Schalke-Frënn Norden Lëtzebuerg um Wues an der Arena op Schalke

De leschte Samsdeg, den 8. Mäerz, huet de Fanclub "Schalke-Frënn Norden Lëtzebuerg" beim Veltins-Gewënnspill matgemeet. Am Virfeld vum Mätsch FC Schalke 04 géint 1899 Hoffenheim ass de Veräin, dee säi Sëtz zu Iermsdrëf huet a ronn 120 Memberen zielt, géint de Fanclub "Eifeler Kuhstallknappen" ugetratt. Zil vum Spill ass ëtt, de Veltins-Stopp am Gol ze treffen. Geschoss gouf vum Eelefmeterpunkt. All Spiller konnt zweemol schéissen. Folgend Memberen hunn deen am Joer 2001 gegrënnte lëtzebuerger Schalke-Fanclub vertrueden: Frank Hilger, John Ries, Joé Thiel, Kurt Böhme an de Jos. Nerancic.

D'Virfreed op dëss Gewënnspill wor besonnesch grouss. Schliisslech ass ët eppes aussergewéinleches um Wues an der Arena op Schalke ze stoen a vum Eelefmeterpunkt aus op de Gol a Richtung Nordkurve ze schéissen. Ronn eng Stonn virum Mätsch stungen schons e puer Dausend Schalke-Fans an der Kéier. Si hunn nit nëmmen op de Mätsch gewaard mais si hunn och den Optrëtt vun de lëtzebuerger Schalke-Fans materlieft. Bei dëser Geleeënheet huet de Stadionspriecher, den Dirk Oberschulte-Beckmann, de Fanclub virgestallt an déi eenzel Spiller hunn nach weider Informatiounen zum Fanclub a Lëtzebuerg ginn.

Sportlech gesinn ass ët nit duergaang fir géint d'"Eifeler Kuhstallknappen" ze gewannen mais jiddereen ass nom Mätsch méi wéi zefridden heemgefuer. 4:0 huet Schalke géint Hoffenheim gewonn an och de Klaas-Jan Huntelaar huet säin Eelefmeter verschoss. Ronn eng Stonn méi spéit a genau vun der nämlechter Plaz, wou d'Membere vu "Schalke-Frënn Norden Lëtzebuerg" geschoss haten.


Schalker on Tour Extra

Schalke 04 News

Zum Seitenanfang